درباره این اپیزود
Muer ass déi offiziell Erëffnung vun "A Comparative Dialogue Act", dem Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg, déi de politesch chargéierten Titel "Stranieri Ovunque", also "Strangers Everywhere" dréit. E Message vun Toleranz an donkelen Zäiten, deen och am multidisziplinären an internationale Lëtzebuerger Pavillon resonnéiert. Do kräizen sech nämlech d'Nationalitéiten a Konschtforme: Den Andrea Mancini, och nach als Cleveland bekannt, huet zesumme mam Kënschtlerkollektiv Every Island a mat der Mudam-Curatrice Joel Valabrega ee Pavillon konzipéiert, deen no an no vu véier Kënschtler:inne bespillt gëtt. Dofir ass "A Collective Dialogue Act" scho vum Konschtmagasinn "Frieze" schonn als ee vun de kuckenswäerte Pavillone gewielt ginn. De Jeff Schinker ass den Ablack zu Venedeg, huet de Pavillon an déi éischt Performance vun der Kënschtlerin Selin Davasse gesinn a sech mam Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island ënnerhalen.
انگلیسی
لبنان
در این اپیزود
رونوشت 🔗
Are you the producer of this podcast?
Add a podcast transcript
Need Audio-to-Text?
Transcribe with Listen411 in Just 60 Seconds
جستجوی اپیزودهای گذشته
اپیزودهای قبلی Kultur را جستجو کن.
قسمت های دیگر در این پادکست
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt.…
Nea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir…
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
De leschte Freideg war an der Escher Konschthal de Vernissage vun der Expo “Ruin Echoes”. Multidisziplinär zäitgenëssesch Aarbechte vu 45 Kënschtler:innen bidde keng romantesch oder nostalgesch Vuen op d’Vergaangenheet: Et handelt sech ëm gesellschaftskritesch Analyse vu Monumenter, vum urbanistes…
سلب مسئولیت: پادکست و آثار هنری تعبیه شده در این صفحه متعلق به Radio 100,7 است که متعلق به صاحب آن است و به Listen Notes، Inc وابسته یا تایید نشده است.
ویرایش
از کمک شما برای بروز نگهداشتن پایگاهدادههای پادکست سپاسگزاریم